Päiperleksgaart
Nei Déieren, neien Audioguide, nei Zär
De Païperleksgaart zu Gréiwemaacher huet renovéiert!
D‘Weeër, d‘Bordüren, d’Terrarien, alles gouf erneiert, an mat der Renovatioun gouf och d‘Konzept vun der Accessibilitéit weider ausgebaut.
Eng aner Neierung ass de prakteschen Audioguide, mat deem d’Visiteure sech iwwert alles kënnen informéiere wat si am Gaart gesinn.
Och nei Déiere wéi Chamäleonen a Schildkröte sinn ab elo am Päiperléksgaart ze fannen.
Alleguer d’Infoen an och Tickete fannt Dir op papillon.lu
Business News - Päiperléksgaart - Mëttwoch 10/04/2024
Am meeschte gelies