Déi nei Battin IPA (India Pale Ale) ass do!
Elo am Abrëll nach an der Promo 4+4 Fläsche gratis!
D'Geschicht vun den IPA-Béiere geet zeréck an d'18. Joerhonnert, wéi déi brittesch Séileit Béier mat an Indie geholl hunn an dee sech de ganze Wee bis dohi sollt halen. Den Happ huet dat méiglech gemaach an dem Béier anengems e gudde, battere Goût ginn.
Den neie Battin IPA, deen nom Prinzip vum "Dry Hopping" gebraut gëtt, ass och wuel e bësse méi batter wéi de Rescht vun der Gamme, awer méi subtil a perfekt equilibréiert, mam Goût a Geroch vun exotesche Friichten. Domat huet Battin elo 8 verschidde Béierzorten!
Entdeckt en elo an der Fläsch an all Point de Vente oder vum Faass am Horeca-Secteur. Am Abrëll ass dee praktësche 4er-Pak nach an der Promo 1+1 gratis! De Battin IPA schmaacht elo am Summer am passende konesche Glas besonnesch gutt bei engem säftege Burger oder anere Spezialitéite vum Grill.