Déi richteg Adress wann Dir renovéiere wëllt

Fabri - Handwierk aus enger Hand, wann et em d'Renovatioun an alle Beräicher geet, feiert seng 25 Joer zu Lëtzebuerg.

No hirer Grënnung 1994 zu Tréier als Fabri Gmbh, hu si 1998 mat der Fabri sàrl expandéiert an d'Joer drop mat den Aktivitéiten am Grand-Duché ugefaangen.

Mat Fabri sitt Dir bei engem zouverlässege Partner wann et em Ëmbau, Sanéierung an Renovatioune vu privaten Immobilien zu Lëtzebuerg geet.

Zanter der Grënnung representéieren si eng fest Grupp un Handwierksbetriber aus der Regioun, an de Beräicher Ubau, Ëmbau, der energeetescher Sanéierung, esouwéi Renovatioune vu Buedzëmmer. Fabri koordinéiert alles a bitt alles aus enger Hand un!

25 Joer Qualitéit, Kompetenz an Handwierk zu Lëtzebuerg, dëst steet nieft der Zouverlässegkeet, der Pénktlechkeet an der Diskretioun fir d'Wäerter vum Traditiounsbetrib Fabri.

17/04/2024 Business