Kommt all op de Proufdag
En Event fir déi ganz Famill - Och fir Animatioun fir Kanner ass gesuergt
Domaines Vinsmoselle mécht den Amateure fir Wäiner an de Leit déi virwëlze wëllen, hier Dieren am Kader vun hirem traditionellen Degustatiounsdag op :
De Proufdag, nennt sech dëst an deen ass um éischte Mee vun 10 Auer Moies bis Owes 7.
Sidd ënnert anerem bei der Avant-Première vum 2023er Joergang mat dobäi.
Et ass och d'Geleeënheet sech mat de Wënzer auszetauschen, déi duerch hiert d'nohaltegt Schaffe rezent FAIR'N GREEN zertifiéiert gi sinn.
Beim Proufdag kommen d'Marken Domaines Vinsmoselle, wéi och d'Vignerons de Domaines Vinsmoselle, Château Edmond de la Fontaine, VIGNUM esou wéi Poll-Fabaire zesummen an dat och mat ganz intressante Remisen.
Och um kulinaresche Plang gitt Dir verwinnt vum Léa Linster an 100% lokale Produite vun Don Ostra, Formaticus, Luxlait, Miseler Bei, la Moutarderie de Luxembourg wéi och vun Y's Bakery.
Et ginn och Cocktailer esou wéi de Poll On Ice a Summerwäiner!
Esouguer un Animatioun fir déi Kleng ass geduecht ginn -Den Ticket ass 20€ fir Persounen iwwer 16 Joer.