Globus 25 Joer um Site zu Beetebuerg
Eng 20 Prozent Aktioun an de Baumäert zu Beetebuerg a Jonglënster
Globus Baumarkt feiert seng 25 Joer um Site zu Beetebuerg!
An an deem Kader gouf gëschter scho mat Representante aus der Wirtschaft an dem Handel gefeiert!
Extra fir hir Clienten, gëtt et dofir den drëtten a véierte Mee eng 20 Prozent Aktioun an de Globus Baumäert zu Beetebuerg a Jonglënster.
Nächst Woch gëtt da mat de Fournisseuren a Mataarbechter gefeiert.
2007 gouf den Hela Profi Zentrum, deen 1999 zu Beetebuerg seng Dieren opgemaach huet, an och deen zu Jonglënster an d’Globus Fachmärkte GmbH & Co. KG integréiert - 2015 gouf dunn op d’Globus Baumarkt-Konzept ëmgestallt.
Zanter 2007 goufen hei am Grand Duché bei Globus iwwert 60 nei Aarbechtsplaze geschaf an duerch déi reegelméisseg Investitiounen dofir gesuergt, datt de Client déi beschten Akafsexperienz huet.
Haut schaffen 240 Mataarbechter bei Globus zu Beetebuerg an zu Jonglënster, dorënner 21 Stagiairen.