Wichteg fir Punkten am legendäre "KW Berg-Cup"

De véierten a fënnefte Mee heescht et zu Eschduerf op der Biergcourse, no fënnef Joer endlech erëm :
"Ladies and gentlemen, please start your engines"

Méi wéi 150 Bolide mat Piloten aus 8 Länner, ënner anerem aus der Schwäiz an aus Frankräich, ginn sech dann erëm Rendez-vous fir dës usprochsvoll Streck vun 1,8 Kilometer mat 11 Kéieren, engem Héichtenënnerscheed vun 105 Meter an engem Gefäll vu ronn 5,8 Prozent, esou séier wéi méiglech erop ze fueren an dëst mat aussergewéinlechen Autoe mat bis zu 800 Päerd a Vitesse vu bis zu 240km an der Stonn.

D’Piloten an hier Teams kommen immens gären op Lëtzebuerg well hei geet et nieft demLëtzebuerger, Däitschen a Belsche Championnat och ëm Punkte fir dee legendäre "KW BERG-CUP".

Lass geet et de véierte Mee vun 9 Auer an de fënnefte Mee vun hallwer 9 un.

Weider Informatioune fannt dir op www.hillrace.eu.

03/05/2024 Business