Deko fir all Geleeënheet bei Insolite
Hei sinn d'Elefante lass.
Dir hutt Loscht Ären Alldag méi verspillt oder faarweg ze gestalten?
Dann ass d’Boutique Insolite an der Belle Etoile déi richteg Adress..
Loosst Iech vun hiren originelle Kaddosiddien a villfältegen Dekoratiounsartikele verzauberen.
Bei Insolite fannt Dir alles, wat Äert Doheem nach méi schéi mécht. Genéisst den Doft vun hire Yankee-, Jewel- a Woodwickkäerzen, oder kommt hir Sammlung „Elephant Parade“ vu méi wéi 100 ënnerschiddlechen Elefante kucken an nach villes méi.
Den Ament ass eng eng flott Ausstellung vun der Elephant Parade an der Galerie vun der Belle Etoile.
Gitt also laanscht kucken, hei fannt Dir dat Passend fir iech an och wann Dir e Kaddo sicht wann Dir invitéiert sidd.
Sidd Dir och scho virwëtzeg? Dann entdeckt Insolite ganz no hirem Motto „L’esprit cadeau“ a loosst Iech iwwerraschen.
All hir Produite fannt Dir op insolite.lu.