Neie Projet: Cactus Blummewiss
Si hoffen och aner Entreprisen z'inspiréieren.
Dësen Projet 'Cactus Blummewiss' gouf kreéiert zesumme mat der Fondation Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt, a gëtt dem Erhalen vun der Biodiversitéit gewidmet.
D’Haaptzil vum Projet ass de lëtzebuergesche Landschaftsmosaik nees hierzestellen, mat grousse Weeden, spéit geméite Wisen an enger villsäiteger Fauna.
Hei goufen extra Aktioune geplangt, ënnert anerem Aarbechte vun der Gestaltung an Opwäertung vu Wisen op 50 ha, mee och d’Organisatioun vu Visite-guidéeën, Sensibiliséirungsworkshops a pedagogeschen Aktivitéite fir Kanner alles zum Thema Blummewisen.
Cactus an d’Fondation Hëllef fir d'Natur hoffen e groussen Impakt fir d’Erhale vun der lëtzebuergescher Natur ze hunn an och aner Entreprisen z'inspiréieren.
Méi Informatiounen op hellefnatur.lu