Emile Weber huet an e Schwäizer Start-up investéiert.

Déi lëtzebuergesch Grupp Emile Weber schafft elo mat Twiliner zesummen. Si hunn sech et zur Missioun gemaach Nuetsbusreesen nei ze definéieren an nei Moossstief fir den europäesche Reesverkéier ze setzen.

De Start-up Twiliner ass bekannt fir d’Entwécklung vun innovative Bussëtzer, déi sech duerch ee Knäppchen an e bequeemt Bett verwandelen. Dës Setzer sinn déi éischt déi an Europa zougelooss gouf. Duerch dës Investitioun kombinéiert Emile Weber seng bal 150-järeg Erfarung an de Beräicher Mobilitéit an Tourismus mat enger frëscher Innovatiounsquell.

Vun Ufanks 2025 un, kann een dës Technologie sech dann a verschidden Emile Weber Busse rëmfannen.

Méi Informatiounen zu hire Busreesen gëtt et op emile-weber.lu

Business News: Bauer Energie & Emile Weber
RTL
RTL