Optique Nothum zeechent sech duech eng staark Equipe a laangjäreg Kompetenz aus.

21/06/2024 Business

Optique Nothum feiert 2024 hir 40 Joer. Zanter Ufank des Joers gëtt et mat der Madamm Justine Debreux, diploméiert opticienne optométriste dann eng nei Associée, déi och an den nächste Joren d’Suite vum Betrib wäert iwwerhuelen. Si ass och schonn zanter 5 Joer bei Optique Nothum dobäi an huet an allen Domainer vum Praktesche bis zum Marketing hire Know-How konnten abréngen.

Als nei Gérante gëtt d'Madamm Debreux ënnerstëtzt vum Här Simon Maury a vum Grënner Luc Nothum, deen houfereg ass op d’Equipe vun Optique Nothum.
Huelt elo Äre Rendez-vous bei Optique Nothum zu Péiteng oder Käerjeng an kuckt op optique-nothum.lu.