Als erfuere Stylistin huet d’Iuliia Grinkiv jorelaang am Akaf fir vill verschidden italieenesch Kleeder-Marke geschafft.

05/06/2024 Business News

Bei Buonitalian Fashion zu Dikrech dréint sech alles em de perfekten italieenesche Stil.

Als erfuere Stylistin huet d’Iuliia Grinkiv jorelaang am Akaf fir vill verschidden italieenesch Kleeder-Marke geschafft an hiert Wëssen elo op Lëtzebuerg bruecht. Déi Marke fënnt een dann ab elo och an hirem Geschäft, an dat exklusiv hei am Land.

All Kleedungsstéck ass mam Zil ausgewielt, Stil a Confort an Eleganz  zesummenzebréngen. A fir är Eenzegaartegkeet ze garantéiere gëtt et all Stéck nëmmen 1x pro Gréisst. Buonitalian Fashion ass op vu Méindes bis Samschdes an dat souguer bis 19h00.

Dir fannt d’Geschäft zu Dikrech an der Groussgaass, op de soziale Medie wéi och op buonitalianfashion.lu