E Fréideg ass de Profi & Education Day.

05/06/2024 Business News

Dëse Weekend si bei Leon Steffes zu Alzeng d’Shopping- a Family Days.

E Fréideg ass ab 13h00 de Profi & Education Day, wou sech un d’Professioneller riicht. De Weekend fënnt een dann all méiglech Produite ronderëm d’Haus an de Gaart op dëser eenzegaarteger Foire. Mat iwwer 100 Exposanten aus ganz Europa ass d’Foire ‘Maison et Jardin’ net nëmmen u Professioneller geriicht, mee och u Familljen. Hei kann een eng Hellewull u Produiten direkt op der Plaz akafen, sou wéi och eng Visitt Guidée vum Showroom maachen.

Nieft der grousser Outdoor Expo ass fir Iessen, Gedrénks a Kanneranimatioun gesuergt. D’Foire Maison et Jardin ass dëse Samschden a Sonnden bei Leon Steffes zu Alzeng vun 9h00 bis 18h00.

Méi op maison-jardin.lu