Am beschten ameséiert een sech mat Moderatioun beim Glécksspill.

07/06/2024 Business News

Casino2000 huet hir nei Sportsbar „Offside Bar & Games“ presentéiert. D’Bar, déi am Memphis-Stil gehalen ass, bitt live-Iwwerdrounge vu Sportseventer, Spillautomaten a verschidden Zorte Béier. 
Fir z’iesse kritt ee Burgeren, Pizzaen, Hot Dogs a weider Snacks.
Eng Neiegkeet sinn och d‘Wettautomaten, bei deenen een op déi aktuell Sportseventer ka wetten. Dëst dierft all Fan vu Sportwette begeeschteren. 
All Freideg a Samsdeg Owend suergen DJen hei fir déi richteg Stëmmung.

Méi Informatiounen an de komplette Programm fannt Dir op casino2000.lu