Een neien Uspriechpartner fir d'Clienten
Garage Binsfeld iwwerhëlt d’KIA-Aktivité vu CarAvenue-Alzeng
De Garage Binsfeld ass de féierende Concessionnaire vun neie KIA-Gefierer am Land.
19/06/2024 Business News
Déi nei Clienten dierften beim Garage Binsfeld och gutt opgehuewe sinn. De Garage Binsfeld huet 2018, op der éischter Plaz fir Lëtzebuerg, d’Auszeechnung als "Platin Prestige Dealer" vu Kia gewonnen, déi fir Qualitéit am Service a Service Après-Vente steet.
De Garage Binsfeld ass och op Elektroautoen spezialiséiert, och wat den Entretien betrëfft an natierlech hunn se och e Service fir Professioneller.
All Intresséiert, a speziell d’KIA Clienten vu Car Avenue Alzeng, privat oder professionell, sinn häerzlech agelueden op Schëffleng oder Déifferdeng laanscht ze kommen. Méi garagebinsfeld.lu.
Am meeschte gelies