Kommt laanscht dëse Weekend!
Den Eifelpark Gondorf feiert hiren 60. Gebuertsdag
Feiert och dir mat a wënscht Happy Birthday.
Den Eifelpark Gondorf feiert hiren 60. Gebuertsdag dëse Weekend.
Dëse Weekend, ass den Entrée dovir méi gënschteg wéi soss! Dat ass en Entréespräis vun 29,90€ fir Erwuessener a Kanner déi méi grouss si wéi 1.05m. Natierlech hu méi kleng Kanner ënnert 1.05m fräien Entrée.
E Freideg geet et scho lass mat der Party an e Samschde gëtt da richteg Gebuertsdag gefeiert an de Park huet souguer bis 11 Owes op.
Et gëtt flott Musik, Akrobaten, Ballonskënschtler an der spektakulärer Todesspringer Stuntshow Acapulco, an et kann een bis an d’Nuecht eran op d’Spiller goen.
De ganze Programm fënnt een op eifelpark.de/60jahreeifelpark
Am meeschte gelies