'Kéis a Wäin', eng nei Adress zu Diddeleng
Et ass Zäit fir e schéinen Ament
‘Kéis a Wäin’, ass d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëscht Formaticus an Domaines Vinsmoselle.
Déi gastronomesch Ariichtung ass am Häerz vun Diddeleng op der Plaz ‘Am Duerf’.
Dëse Projet ass d’Resultat vun enger gudder Zesummenaarbecht tëscht zwee symbolkräftegen Acteuren: Formaticus, déi Referenz an der Welt fir Kéis an Domaines Vinsmoselle, d’Lëtzebuerger Wënzergenossenschaft.
Kéis & Wäin ass eng harmonesch Kombinatioun aus engem Buttek wou ee Kéisplateaue kafe kann, ganz exquisit, perfekt geräifte Kéiszorten an enger mat Léift ausgesichter Auswiel vu Wäiner vun Domaines Vinsmoselle.
Kéis & Wäin ass och eng gemittlech Bar an där Dir e Glas Wäin oder Cremant schmaache kennt an dëst an engem waarmhäerzege an eenzegaartege Kader.
Ob et elo fir ze schmaachen oder fir matzehuelen ass, Dir entdeckt eng aussergewéinlech Auswiel u Produiten déi dat handwierklecht Kennen vu Formaticus an déi héich Qualitéit vun Domaines Vinsmoselle an de Vierdergrond setzen.
‘Kéis & Wäin’ also elo zu Diddeleng, gitt bis laanscht, loosst Iech iwwerraschen an erlieft e schéine Moment mat gudde Produiten.
Méi op der Facebooksäit vu Formaticus.