Technologien an enger neier Aart a Weis kenne léieren.

De fënnefte Juli huet en neien Tango Shop am Cactus Houwald opgemaach.

Et ass en ultra moderne Shop, deen et senge Clienten duerch d'Technologie hei nach méi einfach mécht, de richtege Choix ze treffen.

Zil ass et op 90 m2 en optimale Service ze bidden an dat an enger zentraler Zon vum Land, déi sech ëmmer méi mat Liewe fëllt an dank dem Tram och elo super accessibel ass.

Hei soll de Clienten déi neisten technologesch Innovatiounen an Offeren interaktiv kënne kenne léieren an testen. 
Entweder op eege Fauscht oder mat de Beroder vun Tango, déi mat der der perséinlecher Betreiung, alle Clienten eng optimal Experienz garantéieren.

Fir eis Ëmwelt ze schoune ginn dann och hei um Houwald Kontrakter ouni Pabeier ënnerschriwwen.

Den neien Tango am Cactus um Houwald!
Gitt laanscht luussen a loosst Iech iwwerraschen.

10/07/2024 Business