Playmobilsausstellung an der Belle Etoile

D'Ausstellung leeft bis de 27. Juli. An et gëtt den 23. Juli e Concours fir mat eegene Figure matzemaachen. Schreift iech an.
An der Belle Etoile ginn da Kandheetserënnerung erwächt mat 50 Belle Etoile, an 50 Joer Playmobil! Zanter 1974 gëtt et se schonn, an nach bis de 27. Juli sinn déi ikonesch Figuren an der aler Galerie vun der Belle Etoile ausgestallt. Hei gesäit een Dioramae vum Ritterturnéier bis zum moderne Camping a souguer e Model vun der Belle Etoile aus Playmobil! Dausende Stécker goufen hei benotzt an och d’Evolutioun vu Playmobil mat de Jore gëtt gewisen.
Organiséiert gëtt dës riseg Ausstellung vun de Playmo-Frënn Lëtzebuerg souguer mat Ateliere fir selwer seng Figur ze erfannen. Den Erléis geet un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. Detailer op be.lu.