Gewannt e Bong fir an d'Vakanz mat der ULT
Lauschtert de Podcast a maacht mat fir ze gewannen!
Deen 3. Katalog 2024 vun der ULT gëtt et op Däitsch a Franséisch, mat Bus- Kreuzfaart, Flug- an Zuchreesen. Mat de Premium Reesen, zum Beispill mat enger Yacht, bis zu den ULT-Light Reesen zu attraktive Präisser, kann een hei entspaant d’Welt entdecken!
Kuckt op ult.lu an an de Reesbüroe vu Voyages Flammang, Emile Weber, We love to travel an CFL Evasion.
Op RTL-Play fannt Dir elo och den neie Viva Vakanz-Podcast iwwer d'25 Joer ULT an an deem Kontext vill Informatiounen iwwer Kappadokien, där schéiner türkescher Regioun an Zentralanatolien. D'ULT proposéiert och elo neierdéngs Reesen dohin. An am Podcast gëtt et och e Bong vun 250 € vun der ULT ze gewannen, mat der Fro: wat heescht Kappadokien? D'Land vun de schéinste... (gesicht gëtt en Déier)! Wann Dir déi richteg Äntwert hutt, da kënnt Dir se an engem SMS op de 62468 mam Stéchwuert "Viva Vakanz" an dem Déier, wat gesicht gëtt, eraschécken. Vill Gléck!