Eng geselleg Traditioun:
Et ass Wellesteener Kiermes den 28. an 29. Juli
Nieft dem Roland Kaiser sinn och vill Lëtzebuerger Kënschtler wéi d'Sandy Botsch & Romain Kerschen, Lisa Mariotto, Rol Girres a Marion Welter ze héieren
26/07/2024 Business News
D'Wellesteener Kiermes, oder och d’Welleschter Kiermes, wéi se och genannt gëtt, ass lo dëse Weekend, den 28 an 29 Juli, traditionell also op sonndes a méindes.
Vun 12 Auer Mëttes geet et zu Wellesteen an der Gemeng Schenge lass. Iwwert déi zwee Deeg gëtt et dann Danzmusek, lokal Spezialitéiten an dat geet dann och scho mol bis déif an d’Nuecht.
P&R ass dëst Joer zu Schwéidsbeng um Hafen an um Parking Gare Réimech. Kuckt fir d’Detailer op op latenightbus.lu an um facebook vum Syndicat d’initiative Wellenstein.
Am meeschte gelies