Si ginn op hier lescht Linn droite
Tapis Hertz seet Eddi
78 Joer war Tapis Hertz d'Referenz fir héichwäerteg Teppecher, Riddoen, Stoff an originell Kaddoen.
Business News 28.08.2024
Bis Braderiesméindeg, also den 02. September ass Tapis Hertz nach op, duerno maachen si hier Dieren zou.
Den Ridosrayon plënnert da bei de Buedemleeër op Éilereng. Bis dohinner kann een awer nach mat bis zu 80 % a ronne Präisser epuer gutt Affaire maachen. Braderies-Méindeg owes um 8 Auer ass dann definitiv eriwwer.
Och op dëser Plaz seet Tapis Hertz all hire Clienten, déi hinnen déi lescht 78 Joer trei waren e ganz décke Merci. Et war eng schéin Zäit, an elo ass et dann de Moment wou Tapis Hertz Eddi & Merci seet.
Och op tapishertz.lu.
Am meeschte gelies