Dem Bio-Bauer säi ganze Stolz

Nach bis den 29. September ass déi 2. Oplag vun der BIO-Woch ënner dem Titel “Dem BIO-Bauer säi ganze Stolz“.

An 12 Gemengen uechtert d’Land an an 48 Supermarchéen weisen Iech Hiweis-schëlder wou d’BIO-Produkter hei am Land hierkommen…

Well naturbeloossen a reng BIO-Liewensmëttel vun heiheem gëtt et och direkt bei Iech an der Noperschaft…

Besicht d'BIO-Baueren op hirem Haff, huelt deel un engem oder méi vun den Eventer déi am Kader vun dëser Bio-Woch organiséiert ginn, a kacht a genéisst BIO-Liewensmëttel vun heiheem.

Méi Informatiounen op www.biowoch.lu.

20/09/2024 Business