Entdeckt eng autentesch, italiéinesch Kichen an der Louvignysgaass an der Stad.

25/09/2024 Business

No 24 Joer huet elo de Paul Mreches Ristorante Roma iwwerholl. De Betrib ass eng Institutioun, déi et zënter 1950 gëtt. Domat ass et den eelsten an éischten italieenesche Restaurant am Land.
Nächst Joer hunn si e ronne Gebuertsdag, deen dann natierlech och gefeiert gëtt!
5 mol am Joer organiséieren si e Festival della Pasta. Elo grad an nach bis Mëtt Oktober steet den Trüffelfestival mat hausgemaachten Nuddelen um Programm.

Méi Infoen op roma.lu