Verantwortlechen Ëmgang mat de Ressourcen
Sources Rosport produzéiert hir eege PET-Fläschen zu Lëtzebuerg
Am Juli schonn hat Sources Rosport ugekënnegt, datt sech d’Fläsche fir Rosport Viva, Rosport Classic a Rosport Blue ännere géifen.
Elo sinn dës nei Fläschen och landeswäit an de Buttiker ze kréien. Se ginn aus recycléiertem PET produzéiert a se kënnen och nom Gebrauch weider verwäert ginn.
Dobäi kënnt, datt d’Fläsche selwer zu Rouspert geblose ginn, wat dozou bäidréit, de Wee esou lokal wéi méiglech ze halen.
D’Preforme vun der Fläsch komme vun Nidderkäerjeng, d’Stëpp kommen aus enger Fabrik vu Wolz an d’Etikette vum Fridhaff.
Fir Sources Rosport ee weidere Schrëtt Richtung verantwortlechem Ëmgang mat de Ressourcen, weider Detailer fannt Dir op rosport.com.
Business 02/10 Stoll Matelas & Sources Rosport
Am meeschte gelies