Passend zur Halloween-Zäit bitt de Luxembourg City Tourist Office nei Féierungen duerch d'Stad Lëtzebuerg un.

Vum Mëttwoch, den 30. Oktober bis de Samschdeg, 2. November bidde si Visitten iwwert déi däischter Vergaangenheet vun der Festung Lëtzebuerg un.
Hei gëtt een dann zum Beispill méi iwwert de Fëschmaart gewuer, eng Plaz, wou Leit fréier higeriicht goufen. Awer och déi verschidde Prisongen an d’Hexeverfollgung zu Lëtzebuerg sinn een Theema bei dëser Visitt. 
 
Wann Dir elo interesséiert sitt, méi iwwert déi schauereg Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg gewuer ze sinn, da maacht Iech bäi, d’Féierunge sinn op 20 Persoune limitéiert.
 
Alleguer d’Informatioune fannt Dir op luxembourg-city.com.

Business 16.10.2024