D'Haus Oberweis mécht en neie Buttek op
Am neie Shopping Zenter, dee grad zu Lalleng gebaut gëtt, wäert ee geschwënn den néngten Oberweis-Butték am Land fannen.
De 14. Oktober huet den Traditiounsbetrib Oberweis kommunizéiert, datt si en neie Buttik am Cactus Shopping Center wäerten opmaachen, dee grad zu Lalleng gebaut gëtt.
An dësem neie Buttik wäert een op 132 Quadratmeter eng grouss Selektioun u Pâtisserie, souwéi séiss a salzeg Schneekegkeete fannen.
D’Cliente kënne sech dann och op Sëtzplaze freeën, wou si kënnen eppes drénken oder iessen.
Mat dëser Ouverture verstäerkt d’Haus Oberweis hir Presenz am Land. Den neie Buttik wäert den néngten Oberweis-Buttik zu Lëtzebuerg sinn, d’Ouverture ass fir déi zweet Hallschent 2025 geplangt.