De ganzen Dag iwwer kënnen d’Clienten sech op flott Remisen an Aktiounen an den neie Butteker freeën.

Muer um Samschdeg den 8. November gëtt op der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech déi offiziell Ouverture vun 10 neie Geschäfter gefeiert.

Den offiziellen Deel fënnt um 11 Auer mat engem interessanten Diskussiounspanel statt, bei deem ënnert anerem den Här Minister Lex Delles an de Buergermeeschter vu Clierf, de Goerges Keipes, op Theme wéi de Commerce am Norden, d’Entwécklung vun der regionaler Geschäftswelt, d’Erausfuerderunge fir lokal Entreprisen an d’Chancë vun der Digitaliséierung wäerten agoen.

D’Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech befënnt sech am permanente Wuesstum. Mat elo scho ronn 50 Geschäfter a Servicer, gëtt dës Offer an den nächsten 2 Joer op méi wéi 60 Commercen ausgebaut.

Business 08/11/2024