Exzeptionell Deeg bei Roche-Bobois
Entdeckt d‘Kollektioun BomBom vun der Artistin Joana Vasconcelos
Et sinn elo déi lescht Deeg fir vun den exzeptionellen Deeg bei Roche-Bobois ze profitéieren.
Am bekannte Miwwelgeschäft zu Bartreng erwaarden Iech nach bis e Méindeg 25. November aussergewéinlech gutt Konditiounen op alle Kollektiounen!
Dat ass déi Geleeënheet fir sech héichwäertege Confort an Design zu engem agreabele Präis heem ze huelen, sief dat mat neie Miwwelen, Kannapeeën oder Dekoratiounsartikelen.
Entdeckt zum Beispill d‘gewot Interpretatioune vum Kannapee-Klassiker Bubble.
Wéi och d‘Kollektioun BomBom vun der Artistin a Plasticienne Joana Vasconcelos: eng Linn mat Sëtzer an Dekos-Accessoire mat generéisen an originelle Forme fir bannen a baussen.
A fir alles dat beschtméiglech ze testen ass Roche Bobois zu Bartreng och den 10., 17. an 24. November vu 14h00 bis 18h00 fir Iech op.