D’Walfer Bicherdeeg erwaarden iech 2024 ënnert dem Motto „Wanderlust“.

15/11/2024 Business News

Lo e samschdeg 16. an e Sonndeg 17. November zu Walfer sinn erëm d'Walfer Bicherdeeg.
Bicher an alles ronderëm d'Thema Liesen fënnt een hei an 3 Hale mat ronn 160 Stänn:
Emol den Occasiounsmaart; de Books for Kids, an d’Hal Pro.
Vill flott Liesunge waarden op Grouss a Kleng, et gëtt Animatioun, eng Fotosausstellungen, an eng Baussebüün, wou Literatur op Musek trëfft.

E Samschdeg ass vun 10:00-19:00 op an e Sonndeg vun 10:00-18:00 mat Foodvillage a Kaffisstuff, dat alles um Site rondrëm d’Walfer Sportshalen. Den Entrée ass fräi.
De ganze Programm fannt dir op bicherdeeg.lu.