Zu Lëtzebuerg ginn et knapp 8000 Fäll vun Demenz.

15/11/2024 Business News

PDP Braincoach ass eng gratis App, fir d’Gehier fit ze haalen. Hei kritt een wëssenschaftlech Ureegunge fir den eegenen Demenzrisiko am Alldag ze reduzéieren. De Program fir d'Demenzpreventioun, ënnerstëtzt vum Gesondheetsministère, huet dës App entwéckelt. Et gëtt se bis elo op op Daitsch, Franséisch an Englesch.

Hei geet et ëm Ernärung, Risikofaktoren, Sport a mental Stimulatioun woubäi d’Benotzer ob Basis vun engem Questionnaire personaliséiert Rotschléi kréien.  
D'Zilgrupp si Leit tëschent 40 a 50 Joer, well hei schonn éischt Verännerungen am Gehier ufänken, och wann d'Symptomer vun Demenz eréischt méi spéit optrieden. D’App ass soumat e Schratt a Richtung besser kognitiv Gesondheet.

Lued Iech se op Äre Smartphone gratis erof an test d’App PDP Braincoach.
Bei d'App.