Chrëschtmaart zu Déifferdeng
Kommt an entdeckt wat Déifferdeng ze bidden huet
Och zu Déifferdeng op der Maartplaz gëtt et vu Mëttes 2 bis Owes 8 Glüwäin, Chrëschtdagsmusek an alles wat op engem Chrëschtmaart net feelen dierf.
Nach bis den 22. Dezember ass zu Déifferdeng Chrëschtmaart an dat op der Maartplaz vu Mëttes 2 bis Owes 8. A Weekends ass all Freideg a Samschdeg de Chrëschtmaart souguer bis 10 Auer Owes op. Kommt bis laanscht an erlieft Kënschtler wéi Naomi Ayé a Chaild oder och d’Hunneg Strëpp live oder maacht mat beim Chrëschtlaf. Wien léiwer méi aktiv ass, fir dee gëtt et och eng Schlittschongpist oder et dréint een en Tour um Karoussel. De ganze Programm fannt Dir fir nozeliesen op differdange.lu.
Business - Gemeng Déifferdeng - Mëttwoch 04/12/2024
Am meeschte gelies