Reparature fir Smartphone, Tablet oder Laptop
Orange start eng Partnerschaft mam Startup "Reevive"
Reparatur amplaz vun Austausch.
D’Clientë kënnen iwwert d’Plattform ee Probleem mat hirem Smartphone, Tablet oder Laptop mellen an dann een zertifiéierte Reparaturservice an hirer Géigend fannen.
Op der Plattform gesäit een dann och direkt d’Disponibilitéit an d’Käschte vun der jeeweileger Reparatur.
Dësen neie Service prioriséiert d’Reparatur amplaz vum Austausch an dréit esou zu méi laange Liewensdauere vun elektronesche Geräter bäi.
Och stäerkt Orange Lëtzebuerg hir Roll als Partner fir Startups, méi Infoe fannt Dir op repair.orange.lu oder an engem vun hire sëllege Shops uechtert d’Land.
Business mat Orange
Am meeschte gelies