Vum 31. Dezember u kann een den Token also net méi benotze fir sech iergendwou ze authentifizéieren.

Dat heescht awer net, datt ee LuxTrust net méi benotze kann, mee et muss ee sech einfach d’App eroflueden an den Token mat der App verbannen.
D’App heescht LuxTrust Mobile an et kritt een se am Google Play Store an am App Store.
Nom 31. Dezember wäert den Token dann also net méi funktionéieren, wichteg ass awer datt een den Token net an déi normal Dreckskëscht geheit, well et si Batterien dran. Et kann een den Token da bei der Superdreckskëscht, bei Bank-Partneren oder an engem Luxtrust-Büro recycelen.
D’App bitt méi Sécherheet bei de moderne Bedroungen, eng méi einfach Notzung a méi Confort.

Eng Uleedung wéi een d’App benotzt a méi Detailer fannt Dir op luxtrust.com.

Business mat Luxtrust 18.12