D'ULT presentéiert hiren neie Reeskatalog fir 2025
Den neie Katalog fannt dir vun elo un online oder an hire Reesbüroen.
Ënnert dem Motto “Zesummen d’Welt entdecken kritt een hei och verschidde Kategorië gebuede wéi zum Beispill Fernreesen, Trips an eng Stad, Aktivvakanzen a Premium-Reesen.
Donieft bitt d’ULT Iech och d’Méiglechkeet fir bei der EXPO 2025 zu Osaka a Japan dobäi ze sinn! Op 7 verschiddenen Datumer gi Reesen organiséiert an do geet et da vu Lëtzebuerg iwwer Amsterdam op Osaka. Hei kann een dann 3 onvergiesslech Deeg op der Expo verbréngen a sech d’Pavillonen vu de verschiddene Länner ukucken!
Duerno geet et da weider op Kyoto an op Tokyo an et gëtt d’Méiglechkeet, sech de Mount Fuji vun Noem ukucken ze goen!
Weider Detailer fannt Dir op ult.lu oder an hire Reesbüroen.