Och vill Jonk Wënzer si bei den onofhängege Wënzer aus der Regioun Nei-Aquitaine dobäi.

29/01/2025 Business News

De Salon huet e Mëttwoch 29.01.25 mat engem Afterwork ugefaangen. Profitéiere kënnt Dir bis e Sonndeg nach mat, wou déi onofhängeg Wënzer hier rezentst Millésimme virstellen. Ze entdecke ginn et eng 50 Appellatiounen aus de Pyrénées Atlantiques, der Dordogne, Charentes, Lot-et-Garonne a Gironde. D’Foire versprécht authentesch Rencontere mat de Wënzer aus der ganzer Regioun Nei-Aquitaine, déi och dat eent oder anert Geheimnis verroden an duerch d’Degustatioune féiere.

All Visiteur kritt dann e Wäiglas fir mat Heem an et ginn och Stänn mat regionale Spezialitéiten. Gudde Wäiner ze entdecken, bis e Sonndeg 02.02.25 nach mat, an der Luxexpo.

President des Vignerons Independants Daniel Mouty