Vun traditioneller Konscht iwwer Archäologie bis modern Wierker fënnt een hei sou munch kleng oder méi grouss Schätz.

29/01/2025 Business News

Déi renomméiert „Antiques and Art Fair“ geet an hirer 50. Editioun. Dat vun haut 29.01.2025 un, an nach bis e Sonndeg mat.
Op der Plaz sinn iwwer 90 Aussteller aus Europa. D’Foire bitt soumat vill Diversitéit an eenzegaarteg, seele Wierker: Vun Antiquitéiten iwwer Molereien, Bijouen, Bicher, Skulpturen, Aueren an Desigernobjeten.
D’Evenement setzt och op Nohaltegkeet mat neess benotzbare Stänn a recycléierte Materialien a Produkter ënnert dem Logo „Green Business Events“. Als Visiteur huet een hei och d’Chance, renomméiert Experten ze begéinen, déi hiert Fachwëssen deelen a Wierker zertifizéieren.

Vum 29. Januar bis den 02. Februar 2025 an der Luxexpo the Box an op antiquaires.lu.