Domaines Vinsmoselle präsentéiert de Vin de Paille 2024
E gëtt bezeechent als e Konschtwierk an der Fläsch.
Domaines Vinsmoselle huet elo offiziell matgedeelt dat de Vin de paille 2024 gepresst gouf. De Kellermeeschter Matthias Lambert ass immens zefridde mat der Qualitéit vun den Drauwen, déi a Kierwercher déi Loft duerch loosse gedréchent goufen. Den Numm Vin de Paille usech kënnt vun der traditioneller Method, bei där d'Drauwen op Stréimatte gedréchent goufen.
De Vin de Paille ass e séisse Wäin, dee fir seng intensiv Aromaen a seng Komplexitéit um Gaum bekannt ass. Säi vollt Potential entfaalt sech bei enger idealer Drénktemperatur vun ongeféier 10 °C. Fir ongeféier 15 Liter Vin de Paille produzéieren ze kennen, brauch een am Duerchschnëtt 100 kg Drauwen – also e richtegt Goldstéck vun Domaines Vinsmoselle.