Anny Wirth by Joy mécht seng Dieren nees fir Iech op
Zu Réiden un der Attert ginn et gutt Nouvellë fir moudebewosst Dammen.
Dëse Freideg, de 14. Februar, mécht Anny Wirth by Joy, pünktlech fir d’Fréijoerskollektioun, seng Dieren nees fir Iech op. Wat beim Ale bleift ass eng perséinlech a kompetent Berodung, sou wéi d’Gréisste vu 34 bis 54. An engem flotten, renovéierte Kader fannt Dir wéi gewinnt déi beschten Tenuë fir all Är Geleeënheeten.
D’Haus bitt Iech weiderhin iwwer 15 verschidden a staark Marken un. Esou zB Gerry Weber, Taifun, Bianca, Marie Méro, Betty Barclay, Signe Nature, Geisha, Samoon, Doris Streich, Via Appia, Frank Walder a Sommermann.
Déi nei Öffnungszäiten: Méindeg: 13:30 - 18:30, Dënschdeg -Freideg: 08:30-12:30/13:30 -18:30, Samschdeg: 08:30-12:30/13:30-17:30.
Si freeë sech op Äre Besuch!