Romantico Romantico mécht éischte feste Buttek an der Groussgaass op
Pünktlech fir Vältesdag kann ee sech op handgemaachte Bijoue freeën.
Deen een oder anere kennt vläicht schonn d’Fanny Bervard. Dat ass eng lëtzebuergesch Entreprenesch, déi sech 2019 an der Moudewelt zu Lëtzebuerg etabléiert huet an dunn och hir eege Bijou-Mark, Romantico Romantico, gegrënnt huet.
Haut, 6 Joer méi spéit, freet si sech immens iwwert d‘Ouverture vun hirem éischte feste Buttek an der Groussgaass.
D’Bijou-Kollektioune vu Romantico Romantico si mat Léift a Passioun handgemaach an zu Lëtzebuerg an an Italie produzéiert. Zanter leschtem Joer ginn och Dekoratiounsartikelen ugebueden, déi eis un dat italienescht Dolce Vita erënneren an e bësse Sonn an eisen Alldag bréngen.
Gitt laanscht an entdeckt déi speziell Atmosphär um 86 Grand Rue. Si si vu Méindes bis Samschdes vun 10:00 bis 18:00 Auer fir Iech do.
Kuckt och elo schonn op romaticoromanticostudios.com