Love & Spa: verwinnt Iech zu zwee fir Vältesdag
Iwwerrascht Äre Partner
Haut ass den Dag vun deene Verléiften a ween nach kee Kaddo huet..ass hei déi passend Méiglechkeet am Domaine Thermale vu Munneref. Wéi wär et wann dëse Vältesdag ënnert dem Zeeche vu Wellness a Bien-être géing stoen?
Zu zwee ass Wellness dach nach besser, oder? Wéi wär et mat enger relaxer Massage fir 2 oder direkt e ganzen Dag ‘Journée love & spa’ wou Dir Zäit zesumme verbrénge kennt. Sport a Relaxatioun, och dee perfekten Duo..hei ass en Accès an d’Thermalbieder, Saunaen an den Espace Fitness méiglech. Oder nach besser: eng Nuecht am 4* Hotel mat engem raffinéiertem Owesiessen, alles op d’Mooss fir Iech gemaach. E klenge Soin ass och eng flott Iddi: e Rituel Visage fir senger Haut Guddes ze doen oder e Soin Samvahana, fir eng absolut Détente.
Dëst Joer gëtt et also keen normale Kaddo fir Vältesdag mee e spezielle Moment, en onvergiessleche Souvenir.
Mam Mondorf Domaine Thermale huet dir dëst Joer en onvergiesslechen Dag vun de Verléiften.