Entdeckt déi nei Residenzen an Eefamilljenhaiser zu Ierpeldeng
Wien op der Sich no engem neien Appartement oder Haus ass, dee kéint dës Porte Ouverte vun Arend & Fischbach interesséieren.
Arend & Fischbach luet Iech dëse Samschdeg a Sonndeg häerzlech an op hir grouss Porte Ouverte vum Lotissement «In der mittelsten Gewan» zu Ierpeldeng un der Sauer. Vun 10 Auer Moies bis nomëttes 5 Auer kënnt Dir 3 schlësselfäerdeg Wunnengen an der Residenz «Um Gruef» entdecken.
Donieft kënnt Dir Iech iwwer 2 ganz nei Residenzen esouwéi personaliséiert schlësselfäerdeg Eefamilljenhaiser informéieren.
De ganze Weekend iwwer kritt Berodung vun den Experte vun Arend & Fischbach. Rendez-Vous also muer an iwwermuer op der Nr. 1, rue Aloyse Birckel zu Ierpeldeng un der Sauer.
Méi Detailer och op arend-fischbach.lu.