Et ass déi éischte Kéier wou "Mersch at Work" organiséiert gëtt.

Dësen Jobdag, dee vun der mierscher Gemeng organiséiert gëtt, fënnt am Topaze um Mierscherbierg statt. Eng 35 lokal an international Entreprise sinn hei präsent. Et ass eng gutt Geleeënheet fir all déi grad en Job sichen oder iwwert e Carrièreswiessel nodenken. 
Hei kritt een d'Chance, sech bei méi Patrone gläichzäiteg virzestellen, a sech mat anere Professionellen auszetauschen.

Dëse Freideg 07.03.2025 fënnt "Mersch at Work" am Topaze vun Moies 10  bis owes 7 Auer statt. Méi op mersch.lu