Verdeele vu Päck nach méi einfach

„in flow“ heescht jo „a Beweegung“ – an mir beweegen all Dag zéng-dausenden Päk uerchtert d’Land. Mam Lancement vun INFLOW wëlle mir elo de professionelle Cliente déi selwecht Qualitéit garantéieren, déi d’POST hire Privatcliente all Dag bitt.
INFLOW stäipt sëch op den immensen Savoir-faire am Logistikberäich deen d’POST sëch säit 1842 ugeegent huet, ouni natirlech déi digital an technologesch Expertise ze vergiessen. D’Missioun vun INFLOW ass et DEN zouverlässege Partner ze sinn wann et ëm d’Logistik geet, esouwuel fir Entreprisen zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an doriwwer eraus.
Esou wéi dat an der Vergangenheet mat Michel Greco de Fall war, schafft och INFLOW ganz enk mat der POST zesummen, besonnesch fir d’Verdeele vu Päck hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn een eenzegaartege Distributiounsréseau, deen nierft de Livreure vu Päk, och eis Bréifdréier, iwwer 150 PackUp-Statiounen an déi ronn 100 Points de vente vun der POST zielt.
INFLOW ass komplementar zu de Logistikbetriber déi et de Moment schonn zu Lëtzebuerg gëtt. Ee spezielle Fokus leeë mir op déi sougenannte „Last Mile-Liwwerung“, ma bidd awer eng komplett Gamm u Logistikdëngschtleeschtungen un.
Dozou gehéieren Expressliwwerungen, Verdeele vu Päck a Palletten mee och méi speziell Liwwerungen déi beispillsweis mussen gekillt ginn. International ginn nieft Expressliwwerungen vun alle Formater Import- an Exportdëngschtleeschtungen ugebuede wou INFLOW sech donierft och integral ëm d’Formalitéite mat der Douane këmmert.
Besonnesch lokalen Entreprisen, zemools deenen, déi hir Produit’en iwwer Internet verkaafen, bitt INFLOW eng Komplettléisung un, an dat egal wéi grouss oder kleng de Client ass. Mir bekëmmeren eis och ëm de Stockage vu Wueren, stellen d’Commanden zesummen an assuréieren d‘Verschécken bis bei den Endclient - ouni d’Retouren ze vergiessen. 
Méi Info op inflow.lu.

21/03/2025 Business POST