Naturata schafft fair a kooperativ mat de Bio-Baueren zanter 1989

26/03/2025 Business News

Dëse Freideg a Samschdeg invitéiert de Naturata Bio Marché um Houwald op seng Bio-Entdeckungsdeeg

Wéi gewinnt kritt Dir bei Naturata eng frëndlech a professionell Berodung. Op de Bio Entdeckungsdeeg kënnt dir elo dëse Freideg a Samschdeg (28.03.25 - 29.03.25) regional Produzente kenneléieren an Iech vun der Qualitéit vun de Produkter iwwerzeege loossen.

D'Entdeckungsdeeg fannen um Houwald statt. Hei erwaarden Iech och nach weider interessant Aktiounen, vill Kaddoen an natierlech och lecker Degustatiounen.

Gitt bis schmaachen, an den Naturata Bio Marché - De Spezialist fir Bio- a biodynamesch Liewensmëttel zu Lëtzebuerg.
All d‘Promoen a weider Informatiounen naturata.lu.