De Cactus ass schonn zanter 1993 e Fairtrade Partner.

28/03/2025 Business News

Cactus a Frairtrade Lëtzebuerg hunn um Houwald eng ganz „Tomate cerise“ mat ganz extraem Hannergrond virgestallt. Se ginn an Tunisien vun der Organisatioun Desert Joy ugebaut an am Partenariat mat Fairtrade gëtt do erméiglecht d’Aarbechtskonditioune wesentlech ze verbesseren, wéi d’Véronique Schmitt, Marketingdirektesch vum Cactus am Interview erkläert:

“...mat der Primm konnten d’Aarbechter an d’Aarbechterinnen vun Desert Joy selwer entscheede wou se se wëllen asetzen. No engem Prozedere wou ee ganz demokratesch virgaangen ass huet sech effektiv déi Iddi duerchgsat fir eng Crèche an der Entreprise ze hunn.“

E groussen Impakt op der Plaz deen ee mat all Kaf als Konsument kann ënnerstëtzen. De Jean-Louis Zeien vu Fairtrade Lëtzebuerg ass dann och op d’Zil vu Fairtrade agaangen fir eng ethesch an nohalteg Landwirtschaft och um Terrain ëmzesetzen:

“Mir baue Brécken, zwëschent de Produzenten am globale Süden, an Afrika, Latäinamerika, Asien, an dem Konsument hei bei eis zu Lëtzebuerg.”

Kuckt och op fairtrade.lu.

Interview Véronique Schmitt, Directrice Marketing vum Cactus
Interview Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg
RTL

Crèche vun Desert Joy, déi mat Fairtrade an Tunisie konnt opgemaach ginn.