De Päiperleksgaart mécht mat villen Neiechkeeten op
Et ass schonn déi 36. Saison wou de Päiperleksgaart op ass!
Geschter den 01. Abrëll 2025 huet de Päiperlecksgaart dann och seng Dieren erëm opgemaach, an dat mat villen neie Saachen!
Lescht Joer ass e scho renovéiert ginn an 2024 haten se mat iwwer 50 000 Visiteuren e Rekordjoer. Fir dëst Joer sinn dann och d’Informatiounspanneauen nei duerchduecht ginn mat neie Visueller an engem gratis Audio-Guide a 4 Sproochen. De Päiperleksgaart gëtt da jo och en Atelier d’inclusion professionelle fir Leit mat intellektueller Aschränkung, wat een och am Guide méi détailer kritt. Nieft dem Gaart selwer gëtt et och e Shop mat Produiten aus aneren Atelieren an eng Brasserie fir epuer gemittlech Momenter, och op der Terrasse.
Reservéiert elo mat vereinfachtem Reservatiounssystem op papillons.lu.