D'Evenement "Lëtzebuerg, dat ass Vakanz" op der Place d'Armes
Kommt laanscht a gitt Saachen iwwert eise Grand-Duché gewuer, déi Dir nach net kannt hutt.
Och dëst Joer fënnt vum 25. bis de 27. Abrëll, erëm « Lëtzebuerg, dat ass Vakanz » op der Place d’Armes statt.
Hei kritt Dir wichteg Informatiounen an Offere fir eis schéint Ländchen a seng grouss Panoplie u Fräizäitaktivitéiten z'entdecken.
Agrikultur, Kultur, Natur an nach vill méi stinn hei um Programm.
Léiert ënnert anerem eis regional Produzenten, Wënzer an Experten aus dem Lëtzebuerger Tourismus, der Geschicht an der Kulinarik kennen.
Et ass awer och eng super Geleeënheet, fir den nohaltegen an inklusiven Tourismus vun hei méi no bruecht ze kréien.
Erlieft Aktivitéiten ewéi ënnert anerem guidéiert Touren, organiséiert vum Luxembourg City Tourist Office oder awer och Toure vun der LUGA duerch d'Stater Däller.
De ganze Programm an nach vill méi fannt dir ënnert www.visitluxembourg.com