Happy Birthday - 150 Joer Emile Weber
Fir Animatioun ass gesuergt an hei kënnt Dir historesch a modern Gefierer vum Betrib entdecken.
Alles Guddes fir 150 Joer!
150 Joer an deenen Emile Weber en zouverlässege Begleeder ass, an dat egal op um Schoulwee, um Wee op d'Aarbecht, fir Owes eraus, oder natierlech och fir an d'Vakanz.
Dat gëtt dann de 27. Abrëll op hirer Porte Ouverte vun 10 bis 6 Auer um Emile Weber-Site zu Kanech esou richteg grouss gefeiert. An Dir kënnt mat dobäi sinn!
Léiert hier Geschicht kennen a loosst Iech vun hiren historesche Gefierer verzauberen.
Fir Animatioun ass och gesuergt, wéi zum Beispill mat der LSC Gewënnerin Laura Thorn, engem Kids Village, BMX Workshops a mat 9 Foodtrucks ass och sécher kulinaresch fir jiddereen eppes dobäi.
A wat wier esou e Gebuertsdag ouni flott Offeren?
Gitt méi gewuer a mellt Iech u fir d'Visites Guidées op 150.emile-weber.lu.