Mat gudder Berodung an alles wat mat Planzen ze dinn huet

Steesel, bekannt als Äerdbierduerf, net wäit vun der Staat huet och eng Plaz um Bierg .Een idylleschen, eemolege Kader fir eng Bamschoul , déi zu all Joreszäit, mee natierlech elo am Fréijoer , besonnesch , ee Besuch wäert ass.
Hei kennt een an d’Schwäermen, all Gaertnerherz wäert méi schnell schloe bei all deene wonnerbare Planzen. Fir all besoin’e misst dat Richtegt ze fanne sinn.
Beem, Uebstbeem,Sträich, Rousen, Heckeplanzen, Summerblummen, Stauden..jee alles fir et bei iech dobausse schéin ze maachen.
Dünger a Buedem sinn och do ze fanne fir datt är Planzen sech wuelfillen.
Si liwweren iech déi grouss Saachen heem a proposéieren och all Servicer am Gaardebau.
Wéi der héiert, ass d’Bamschoul Becker, déi et iwwregens scho säit ongeféier 80 Joer gëtt, déi richteg Adress wann dir op der Sich no Inspiratioun fir äre Gaart oder Terrass sidd.
Méi Infoen op bamschoulbecker.lu.

30/04/2025 Business