De Gero organiséiert de Senior Driver's Day 2025
De Senior Drivers Day gëtt op initiative vum Familljeministère organiséiert.
Mëttwochs de 4 Juni 2025 kënnen d’Senioren am Centre de Formation pour Conducteurs zu Colmar-Bierg u praktesche Fuer-Exercicer deelhuelen.
Nieft flotten Ateliere kënne si sech informéiere loossen, nei Elektroautoe kenneléieren an zum Ofschloss gëtt et een offizielle Certificat.
Gero - de Kompetenzzenter fir den Alter, sëtzt sech dofir an, eeler léit ze informéieren, sensibiliséieren an ze ënnerstëtzen. Si bidde Raum fir Austausch, Aktivitéit an Autonomie mat kreative Projete, Formatiounen a spannend Programmer.
All d’Informatiounen iwwert den Drivers Day an d’Umeldung fënnt een op gero.lu oder per E-Mail op info@gero.lu